SEASON OPENING 2024

16th September 2024

club logo

Handball Museldall

image

Léif Memberen a Frënn vum HB Museldall

den 21.September fënnt eise Season Opening fir d'Saison 2024/2025 statt.


Traditionell starte mir mat eisem Sponsorlaf, wou de Startschoss um 11h00 ass. Sponsorziedelen kënnt dir wéi ëmmer bei ärem Trainer oder ärer Trainerin ufroen. De gesamte Betrag dee beim Sponsorlaf erakënnt, gëtt integral an d'Jugend investéiert.

Nom Sponsorlaf gëtt virun der Hal gegrillt.

Um 13h00 starte mer eise Rebranding-Event wou den neie Logo vum HB Museldall virgestallt gëtt.

Duerno ginn all eis Equippe virgestallt an Equippefotoe gemaach.

Et waard en HBM-Shop op iech, wou der iech vill flott Artikele kënnt kafen a bestellen.

Mir freeën eis iech zuelräich den 21.09.2024 ab 10.30h op Flohr begréissen ze kënnen.

Den HBM-Comité