Souveränen 2. Championatsmatch vun eise Miseler Dammen
15th September 2024
Handball Museldall
2. Spilldag AXA League
HC STANDARD - HB MUSELDALL 14-33
Um 2. Spilldag an der AXA League waren eis Dammen um Standard op Besuch.
Déi éischt 15 Minutten war de Match relativ ausgeglach, bis datt eis Dammen sech bis zur Paus mat 8-17 ofsetze konnten.
Dës Féierung hunn eis Miseler Dammen net méi opginn (41' 13-21, 52' 13-27) a wannen de Match souverän mat 14-33.
BEST SCORER HB MUSELDALL
Anais HUBERTY: 12
Julie CORBONNOIS: 8
Alissa MASSARO: 6