Staarken Optaktmatch vun eise Miseler Dammen!
9th September 2024
Handball Museldall
1. Spilldag AXA LEAGUE:
HB MUSELDALL - HB KÄERJENG 19-22
Staarken Optaktmatch vun eise Miseler Dammen!
Um 1. Spilldag war de Vize-Champion vu leschtem Joer op Besuch. Eis Dammen haten en immensen Start an de Match esou datt se mat 2 Goler a Féierung an d'Paus gaange sinn: 9-7
An der '33 ass de Käerjenger Dammen dunn den Ausgläich gelongen (10-10) an ab der 37' huet den HBK d'Féierung och net méi aus der Hand ginn. An der 48' ass et nach emol ganz knapp ginn (15-16) an eis Dammen hunn et dem HBK net einfach gema. Bis datt déi Käerjenger de Match schlussendlech mat 19-22 gewannen.
Och e grousse Merci un eis Supporter fir déi immens Stëmmung!!
Top Scorer HB MUSELDALL:
Valérie MACKEL: 6
Alissa MASSARO: 5
Anais HUBERTY: 3