NEWS



Ab dem Méinden den 28.05.2018 sinn all eis Aktivitéiten an der neier Sportshal op Flohr.









Dames 1 doublé 2016/2017 - Champion & Coupe Gewënner

2500 Euro fir d'ASSOCITATION DON DE MOELLE an de PLOOSCHTER PROJET



Den HB Museldall huet bei sengem Neijoerschpatt d'Geleeënheet genotzt fir der Association Don de Moelle Luxembourg an dem Plooschter Projet fir hiren ASAZ während deene leschte Woche MERCI ze soen an huet zwee Schecke vun eemol 500? an eemol 2000? u béid Associatioune iwwerreecht.
De Gréisstendeel vun de Suen si während enger Typiséierungsaktioun fir potentiell Stammzellespender ze ginn, zu Gréiwemaacher op Flohr zesumme komm. Dat meescht Iessen a Gedrénks ass gesponsert ginn, vill Privatleit hunn en Don gemaach an den HB Museldall selwer huet d'Zomm duerno opgeronnt, esou datt am ganze stolzer 2500? zesumme komm sinn.
Säit där Typiséierungsaktioun "Gëff och DU Stammzellespender!" de 25. November 2017 sinn nach vill weider Aktiounen organiséiert ginn a bis haut hunn sech schonn 857 LEIT enregistréiere gelooss!!
Wann s DU och drun interesséiert bass fir dech als potentielle STAMMZELLESPENDER enregistréieren ze loossen an dech iwwert d'Leukemiekrankheet informéiere wëlls, hei fënns de all weider Detailer: www.dondemoelle.lu oder www.plooschterprojet.com

update 19.06.2018